Buergbrennen
Iergendwann am Januar gin mir d’Chrëschtbeemercher duerch d’Gemeng oprafe fir se an eiser Buerg ze verschaffen. Während e puer Deeg riichte mir dann eis eege Buerg op der Cross Piste zu Aal Schëtter op. D’Buergbrennen as och di éischt grouss Aktivitéit am Joër.
Après-Ski
Tëscht Januar a März maachen mir 1x am Mount eng Après-Ski Party am Café de la Gare zu Mënsbech.
1. Mee
Mir ginn moies fréi an de Bësch Meekränz bannen. Des verdeele mer dono un de Buergermeeschter, un eise President an un d’Café’en aus der Gemeng wou mer dann ëmmer nach e Patt drénken oder souguer op dem Club seng Käschten zu Mëtteg iessen.
Summervakanz
An der Summervakanz ënnerhuelen mir och verschidde Saachen: Mir grillen op eisem groussen Grill op der Terasse, ginn Beachvolleyball spillen, …
Kleedersammlung
Am September steet d’Kleedersammlung um Programm. Mir hëllefen andeems mer d’Kleeder duerch d’Gemeng asammele ginn, des ginn zu Éiter an en Unhänger gepaak an an déi Länner gefouert wou se och wierklech gebraucht ginn.
Kleeschen
Mir ginn mam Kleeschen, Houseker, a sengen Gesellen bei d’Leit heem an verdeelen do de Kanner d’Kado’en.
Wichtelen
Mir schléissen d’Joer mat engem Iessen oof, wou mir eis geigenseiteg Kado’en maan, an e flotten Owend mateneen vebrengen.
Aner Aktivitéiten
Véiner Nëssmaart, Schëtter Nëssmaart, Beachvolleyball Tournoi’en (zB. zu Remerschen), Picadilly, Fouer, Oktoberfest, Blankenberge, Langjugenddag, an nach villes méi!
(Ouschteréër verkaafen – Abrëll 2017)
(Nationalféierdaag 2017)
(Landjugenddag 2017)