Public Viewing

De Club des Jeunes invitéiert Iech op hire Public Viewing vir d’WM 2018 am Clubsall vum CJ Schëtter.

Bei guddem Wieder dobaussen, bei schlechtem dobannen.

Mir iwwerdroen folgend Matcher:

15/06: Portugal – Spuenien um 20h00
17/06: Dätischland – Mexiko um 17h00
17/06: Brasilien – Schwäiz um 20h00
20/06: Iran – Spuenien um 20h00
28/06: England -Belsch um 20h00
06/07: Véirelsfinal um 16h00
06/07: Véirelsfinal um 20h00
10/07: 1. Hallewfinal um 20h00
11/07: 2. Hallewfinal um 20h00
15/07: Final um 17h00

Op Iech waart ee frësch gezaaptene Béier an eppes guddes vum Grill.

Kommt all bis laascht, mir fréeën eis op Iech!!

Grillfest „A Schmatten“

 

Och dëst Joer ass erëm eist grousst Grillfest um Haff „A Schmatten“. Dat ganzt ass Sonndes den 3. Juni 2018 ab 11:00 Auer zu Al Schëtter

Um Programm stinn:

– Concert Apéro ab 11:30 Auer vun der Garnecher Musék
– Danzoptrëtt vun der Jeanette Hutchines School of Dance & Xpression Danzgrupp
– Spiller vir d’Kanner
– Quiz iwwert de Baurenhaff
– Poppentheater Hoplabum
– Ponyreiden vir d’Kanner
– Tombola

…an nach villes méi!

Iessen:
– Gegrills (Wuppen, Hamburger)
– Fritten
– Zaloten- an Dessertsbuffet

Dëst Fest gëtt organiseiert vun:
Ferme Pédagogique A-Schmatten, Club des Jeunes Schëtter an Landjugend Süden.

De Club des Jeunes Schëtter, d’Amicale Neihaischen, den FC Minsbech, d’Pompjeeën Minsbech-Schëtter, Les Castors Schëtter, d’Schëtter Musék, de Schëtter Gesank, Fraen an Mammen Schëtter, d’Lëtzebuerger Rousefrënn an d’Schëtter Jugendhaus presentéieren:

Den 1. Schëtter Chrëschtmaart

Fréides vun 17:00-22:00 Auer
Samschdes vun 16:00-22:00 Auer
Sonndes vun 11:00-20:00 Auer

Den ganzen Weekend iwwer:
– Glühwein, Schoki, Béier, Soft
– Champignons a Gegrills
– Dékostand

Dobäi kommen:
– Fréides: Eisekuchen
– Samschdes: Gromperekichelcher
– Sonndes: Kniddelen

– Concert’en vun der Schëtter Musék, dem Schëtter Gesank, an der Schëtter Strëpp.
– Samschdes ab 14:00 Auer verkeeft de Fussball Chrëschtbeemercher.

Mir hoffen Iech all begréissen ze kënnen an fréeën eis op ären Besuch!

Grousst Grillfest um Haff A-Schmatten

Dëst Joer fënnt rem eis grousst Grillfest um Haff statt. Den Haff ass hei op fir jiddereen, fir Grouss a Kleng. Fir jiddereen ass eppes am Programm mat dobäi.

  • Den Concert Apero gëtt um 11:30 gespillt vun der Téitenger Jugendmusék
  • Um 14 an um 16:15 ongeféier trieden Danzgruppe vun der Jeanette Hutchines School of Dance op
  • Um 15 Auer ass den Kloonentheater mam Zappi a Max
  • Fir den Owend och nach bessi bei eis ze genéissen hu mir um 17 an um 18 Auer Schefflenger Country Line Dancers invitéiert

Zousätzlech bidde mir nach Ponyreiden an Atelieren fir Kanner un sou dass hinnen Zäit och net lang gëtt bei eis. Kommt all bei eis langscht kucken dir braucht Iech net un zemellen. Jiddereen ass wellkomm.

En Deel vun Erléis geet un „Fondatioun Kriibskank Kanner“ an dest Fest gëtt organiseiert vun „Der Ferme Pédagogique A-Schmatten“, dem „Club des Jeunes Schëtter“ an der „Landjugend Süden“