De Club

Mir sin eng jonk, dynamesch a kreativ Équipe, déi iwer 40 Memberen zielt, a sech ëmmer Freides a Samschdes Owes an hirer “Buud” trefft. D’Buud, e brongt Gebai, fënns De nieft dem Pompjeesbau (hannert der Kierch zu Schëtter). Do kanns De ënner anerem Billiard, Kicker, Darts oder Air Hockey GRATIS spillen, Fernseh kucken, Musek lauschteren oder einfach nëmmen um Canapé leien an däin “Jus” genéissen ;)

Mir hunn eng etlech Aktivitéiten, méi Detailer dozou fënns De op der Aktivitéiten Säit.

Fir Member ze gin muss De op mannst 15 Joer hunn, méi as net verlaangt. Fir all weider Informatioune kanns De jo engem vun eis mailen oder selwer laanschtkommen, mir freeën eis iwwer all neie Member.

Bis geschwënn

N.B. Ausser Alkohol an Zigaretten/Zigarren sin ALL aner DROGEN AM CJS VERBUEDEN!! Ween trotzdem mengt e misst géint des Regel verstoussen an Drogen mat an d’Bud oder op Clubaktivitéiten matbréngen, gëtt net weider bei eis geduld!

En Deel vun eisen Memberen

E puer Fotoen vun eiser Buud

Daat hei as eisen Won, mat deem mir op verschiddenen Aktivitéiten duerch d’Gemeng fueren.

an hei as eise Fändelschaaf