Historique

Wa mir op d’Geschicht vum Club des Jeunes zeréckblécken, kenne mir feststellen, dass scho virun 25 Joer Leit versicht hunn d’Jugend aus der Gemeng zesummenzesiche vir e puer flott Stonne mateneen ze verbréngen. An den Archive vun eiser Gemeng ass den 23. Mäerz 1971 déi éischte Kéier riets vun engem „Club des Jeunes“. Den deemolege Komitee:

President: Georges Pierre
Sekretär : Georges Jean
Trésorier: Hellinghausen René
Réviseur: Bernard Guy
Memberen: Mangen Pierre

hat dem Gemengerot hir Grënnungs-statuten virgeluegt, déi den 11. Mee 1971 eestëmmeg genehmegt goufen. Leider huet sech dëse Veräin net laang op senge Been hale kennen.

Am Oktober 1976 huet sech eng nei Équipe fonnt, déi en zweete Versuch gestart huet. De Komitee huet sech aus folgende Leit zesummegesat:

President: Blaschette René
Sekretär : Weicker Jean-Paul
Trésorier: Theisen Claude
Réviseur: Altmeisch Paul
Memberen: Goedert Marcel
Thommes Gaby
Weber Karin

D’Stäerkt vun dëse jonke Leit loung doran, sech am Team op de „Spiller ouni Grenzen“ vun anere Veräiner duerchzesetzen a regelméisseg Coupen a Präisser mat heemzebréngen. Et gouf an där Zäit och keng Kavalkad op där se net hire Won an hir Verkleedung presentéiert hunn. Aus onerkläerleche Grënn huet sech dëse Veräin am September 1981 opgeléist.

Am Joer 1982 ass d’Idee opkomm de Paschtouer Joseph Delhalt ze froen, ob hien bereet wier der Jugend d’Bud, déi sech hannert dem Kierfecht befënnt, zur Verfügung ze stellen, fir dass déi Jonk sech net ëmmer an engem Café missten treffen. Den Här Paschtouer war séier mat dëser Idee averstan a schon kuerz drop sinn d’Botz- an d’Raumaarbechten an Ugrëff geholl ginn. Schnell ass dës Bud als Treffpunkt fir d’Jugend bekannt ginn an ëmmer méi Leit hu sech hei getraff. Et huet net laang gedauert bis deen ale Gedanken un d’Grënnung vum Jugendveräin an der Gemeng Schëtter erëm opkoum.

Net méi spéit wéi den 9. Dezember 1982 huet den deemolege Komitee

President: Steil Carlo
Vize-President: Hellinghausen Roland
Sekretär : Bertrand Joëlle
Thill Jacques
Trésorier: Goergen Jean-Lou
Memberen : Bertrand Roger
Castel Christian
Rock Justin

hir Statuten op d’Gemeng eragereecht.

Ufanks gouf sech Owes regelméisseg an der Bud getraff fir ze diskutéieren, Gesellschaftsspiller, Schach oder Kicker ze spillen. Lues a lues huet sech aus dëse gemittleche Stonnen ëmmer méi eng familiär Équipe gebild an de Veräin huet ugefaang aus sengen 4 Wänn eraus ze kommen. Ëmmer méi Aktivitéite goufe vum Komitee organiséiert. Meechtens huet e Plackespiller fir déi richteg Stëmmung an der Bud gesuergt huet, bis 1984 d’Idee opkomm ass, och emol verschidde Concert‘en ze organiséieren. Hei ass natierlech e klenge Beitrag als Entrée opgehuewe ginn, a well des Concert‘en ëmmer gudd besicht waren, dat heescht eigentlech dass d’Bud ëmmer gerammelt voll war, ass d’Keess dann och e bëssen méi deck ginn. Esou lëtzebuergesch Muséksgruppen wéi „Just Married“ hunn an der „Buud“ hier éischt Concert’e ginn. Dat Geld wat bei dësen Aktivitéiten era komm ass, gouf direkt erëm an d’„Buud“ investéiert. Et ass e bëssen ugestrach, gefleckt a geännert ginn. Op dëser Plaz sief erwähnt, dass d’Bud vun där mir hei schwetzen am Volléksmond „Buud“ genannt gouf.

Mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng ass 1985 eng grouss Erneierung vun eisem Veräinshaus virgeholl ginn. Esou ass deen Deel vum hëlzene Buedem, deen net ënnerkellert ass, nei gemaach an d’Elektresch komplett nei verluecht ginn. Den Daach ass mam Hochdruckreiniger gebotzt an esou gutt wéi et ze maache war ofgedicht ginn, mee et blouf awer weiderhin d’Suergekand vun der „Buud“. 1992, just virum 10. Gebuertsdag, huet de grousse Raum néi Faarwe kritt.

Och déi nei Generatiounen hunn den Entretien net vernoléissegt. Esou gouf an den 90er Joeren an 2003 vu baussen nei ugestrach an den Daach gouf nees nei ofgedicht. Am Joer 2000 krut eis „Buud“ eng nei Kichen vun der Gemeng gestallt an kuerz drop hu mir se mat neien Spiller wéi engem Billard, engem Dart, engem Boxapparat an engem Air Hockey ageriicht. De Boxapparat huet awer spéiderhin fir e Kicker missen Plaz maachen. No an no si mir ëmmer méi modern ginn, de Plackespiller gouf duerch eng Hifianlag an de normale Fernseh durech eng Leinwand an e Beamer ersaat. Mëttlerweil gehéiert esouguer e Computer mat Internetzougang zur Ausstattung.
Am Summer 2005 ass d’„Buud“ mat vill Motivatioun vun eise Memberen an der materieller Ënnerstëtzung vun der Gemeng vu bannen renovéiert ginn. D’Maueren an de Plafong si mat Glaspabeier ofgeschlaff ginn an hunn nei Faarwen verpasst kritt. Den holzene Buedem gouf ofgeschlaff a frësch versiegelt. An eiser Stuff hu mer en neien Teppech verluecht an dëst Joer steet nach eng Terrass nieft dem Clublokal um Plang.

Mir këmmeren eis net nëmmen em d’„Buud“, mee mir hunn nach eng sëllechen aner Aktivitéiten wouvu verschiddener schon Traditioun sinn. Esou këmmert sech de Club des Jeunes seit 1983 em d‘Kleedersammlung fir d’Organisatioun Kolping, fierft säit 1987 all Joer circa 3600 Ouschtereeër a brennt erëm vun 1990 un d‘Buerg op Buergsonndeg. Och um Phantasyr ware mir deemols aktiv vertrueden.

Eis Virgänger haten an de 90er Joere Spiller ouni Grenzen organiséiert, dach war et net vu laanger Dauer. 2005 huet sech eis Équipe zesumme mam Schëtter Jugendhaus der Erausfuerderung ugeholl fir dëst Evenement erëm opliewen ze loossen. No den zweete Spiller ouni Grenzen hu mir keng méi fir déi nächst Joeren geplangt, well mir déi Zäit déi ee fir esou esou e grousst an aarbeschtintensivt Evenement brauch, net opbrénge kennen.
Zënter zwee Joer organiséieren mir zesumme mat der Schëtter Musek e Grillfest op der Ferme pédagogique „A Schmatten“. Säit Dezember 2001 organiséire mir eise Bodykicker Tournoi mat uschléissendem Bal, dee vu Joer zu Joer ëmmer méi u Popularitéit zouhëlt. Natierlech loosse mir eis et net entgoen un Tournoien, déi aner Veräiner organiséieren, deelzehuelen. Dass mir dëse Sport och gudd beherrschen hu mer mat der éischter Plaz zu Uespelt bewisen.

D’Traditioun fir duerch d’ganzt Land un Aktivitéiten deelzehuelen an dobäi ze gewannen, hu mir vun eise Virgänger iwwerholl. Christi Himmelfahrt gi mir ëmmer op de Landjugenddag, deen all Joer op enger anerer Plaz am Land organiséiert gëtt. Hei hu mir et schonn ënner déi zéng Éischt gepackt, wat net esou schlecht ass, wann ee bedenkt dass op deem Dag méi wéi 200 Équipen um Start sinn. Léiffrawëschdag stinn dann d‘Spiller ouni Grenzen am Schweecherdall um Programm, wou mir mëttlerweil zu de Favoritten zielen. Am Summer si mir och ëmmer um Beach Soccer vum FC Minsbech mat mindestens enger Équipe vertrueden an hu schon mat enger zweeter Plaz all déi aner Équipen iwwerraschen kënnen. Net ze vergiessen ass och d’Trakterzéien um Schëtter Nëssmaart, wou mir kleng Männercher eis ëmmer mat de Borschten vun den Hesper Pompjeeën uleeën. Eis „staark“ Meedercher hunn do den Dréi scho besser eraus, fir de Wanderpokal mat heem ze huelen. Fëschen, zelten, Keele spillen, Paintball, Carting oder en Dag um Stau sinn och feste Bestanddeel vun eisen Aktivitéiten. Virrang huet bei alle Wettkämpf awer nach ëmmer Fairplay, Spaass an Amüsement.

Och wann den Zesummenhalt mat op éischter Plaz stoen soll, ass wéi schon esou oft, virun 9 Joer ëm dem Club seng Existenz geziddert ginn, well sech net genuch Leit fonnt hunn, fir d’Aarbecht vum Komitee ze iwwerhuelen. Et ass deenen zwee selwer ernanntenen Syrdallpateren, Carlo Hoffmann an Paul Theisen, ze verdanken, dass sech awer nach e Komitee der Erausfuerderung ugeholl huet, de Club an dat neit Joerdausend ze féieren. No engem grousszügegen Don vun 100 000 Frang un d’Stëftung „Hëllef fir kriibskrank Kanner“ an engem Buergbrennen dat an d’Waasser gefall ass, stoungen dem Club schwéier Zäite befir. Dobäi koumen nach eng Rei Baler déi net gutt genuch besicht ware fir eppes un där miserabeler Situatioun ze änneren. Mir hunn iwwert eng Rei Joere misse kämpfen fir eis finanziell Lag nees op e stabilen Niveau ze kréien.

Well de Club ëmmer méi grouss ginn ass, hu mer 2005 décidéiert eng A.S.B.L. ze grënnen, fir eise Komitee firun eventuellen Responsabilitéiten/Schied besser ze schützen. No laangem hinanhier sinn eis Statuten den 12.05.06 am Mémorial veröffentlecht ginn.

Et war och eréischt d‘läscht Joer, wou mir e geegneten Datum fonnt hunn, fir eis en Dagesausfluch ze gonnen. Mir waren op St. Vith Carting fueren an hunn duerno en Halt bei der Simon’s Brauerei gemaach. Nodeems mir interesséiert, awer och duuschtereg dem Braumeeschter iwwert d’Schëllere geluusst hunn, krute mir duerno déi verschidden Zorte Béier ze schmaachen. Dee flotten Dag hu mir schlussendlëch mat engem groussen Iessen oofgeschloss, a well eis deen Dag esou gutt an Erënnerung bliwwen ass, hu mir dëst Joer en Ausfluch iwwert e ganze Weekend geplangt.

Dass et eisem Veräin esou gutt geet, ass eisen sëllegen Memberen ze verdanken, déi mat vill Motivatioun an Engagement d’Erhalen vun eisem Clubliewen garantéieren, waat duerchaus derzou bäidréit, dass esouwuel fréier wéi haut, nach ëmmer esou munch Uuchten an der „Buud“ gehalen ginn, bei deenen iwwer déi al Spiichten häerzhaft gelaacht gëtt. Mat Stolz kenne mir och feststellen, dass mir keng Problemer mat Drogen an eisem jonke Veräin hunn.

Dësen Text baséiert zum Deel op der Geschicht vum Claude Marson zum 10ten Gebuertsdag vum Club des Jeunes.

Hei nach eng Lëscht vun eisen Presidenten vun 1982 bis elo: 
1982 Joel HENKES
1983 Carlo STEIL
1984 Fränk JOST
1985 Serge KUTTEN
1986 Patrick CASH
1987 Georges HENKES
1988 Claude MARSON
1989 Patrick CASH
1990 Alain KAUFFMANN
1991 Yves MARSON
1992 Jean-Marie ALTMANN
1993 Jean-Marie ALTMANN
1994 Steve MAJERUS
1995 Steve MAJERUS
1996 Steve MAJERUS
1997 Steve MAJERUS
1998 Carlo HOFFMANN
1999 Carlo HOFFMANN
2000 Alain HINGER
2001 Alain HINGER
2002 Alain HINGER
2003 Alain HINGER
2004 Alain HINGER
2005 Alain HINGER
2006 Laurent HOFFMANN
2007 Laurent HOFFMANN
2008 Laurent HOFFMANN
2009 Fränk HOFFMANN
2010 Fränk HOFFMANN
2011 Kevin RAACH
2012 Annick HOFFMANN
2013 Annick HOFFMANN
2014 Annick HOFFMANN
2015 Lena ZEIMES
2016 Lena ZEIMES
2017 Lena ZEIMES
2018 Lena ZEIMES