Aktivitéiten
Buergbrennen
Iergendwann am Januar gin mir d’Chrëschtbeemercher duerch d’Gemeng oprafe fir se an eiser Buerg ze verschaffen. Während e puer Deeg riichte mir dann eis eege Buerg op der Cross Piste zu Aal Schëtter op. D’Buergbrennen as och di éischt grouss Aktivitéit am Joer.
Ouschteren
E puer Deeg virun Ouschtere gëtt Owes bei eis an der Bud eescht geschafft. Mir präparéieren do e puer Dausend Ouschtereeër, déi mir selwer kachen a fierwen. Des Eeër gi dono, eng Woch virun Ouschteren, an der Gemeng verkaf, dozou gehéiert natierlech och e gewëssene Folklore, wéis De bestëmmt schon gemierkt hues wa mir ganz “onopfälleg” duerch Deng Strooss gefuer sin.
1. Mee
Grad um Dag vun der Aarbecht stin mir moies fréi op fir an de Bësch Meekränz bannen ze goen. Des verdeele mer dono un de Buergermeeschter, un eise President an un d’Café’en aus der Gemeng wou mer dann ëmmer nach e Patt drénken oder souguer op dem Club seng Käschten zu Mëtteg iessen.
School’s out for summer…
…me de Club des Jeunes léisst seng Dieren op!
De Summer iwwer wëllen och mir net vill schaffen, et as jo schliesslech Vakanz! Me daat heescht net dass mir net aktiv sin. Éischter de Géigendeel, mir ginn op “Spiller ouni Grenzen” wéi zum Beispill déi vun der Landjugend oder déi aus dem Schweecherdall. Mir spille mat enger Équipe beim Beach Soccer op dem Fussball senger Beach Party zu Minsbech mat, gin fëschen, zelten, Gotcha spillen oder Carting fueren. Also nëmmen FUN!FUN!FUN!
Kleedersammlung
Am September steet d’Kleedersammlung vun der Organisatioun “Kolping” um Programm. Mir hëllefen andeems mer d’Kleeder duerch d’Gemeng asammele ginn, des ginn zu Éiter an en Zuch gepaak an an déi Länner gefouert wou se och wierklech gebraucht ginn.
Bodykicker Tournoi mat Party
Fir den 3. Weekend am Dezember heescht et dann nëmmen nach 1 mol richteg urappen. Eise Bodykicker Tournoi, deen iwregens vu Joer zu Joer ëmmer méi besicht gëtt, an eis Party stinn um Programm. Eng vun deene wéinege Party’en wou ee Sangria am Dezember kritt, an daat och nach am Eemer mat laangem Schalimo!!
Sylvester
Mir schléissen d’Joer mat engem Iessen op Sylvester of, sief et an eiser Bud oder an engem Restaurant.
Aner Aktivitéiten
Schëtter Nëssmaart:
Um Schëtter Nëssmaart weise mir mat op mannst enger Équipe beim Trakterzéien eis Präsenz.