Grillfest „A Schmatten“

 

Och dëst Joer ass erëm eist grousst Grillfest um Haff „A Schmatten“. Dat ganzt ass Sonndes den 3. Juni 2018 ab 11:00 Auer zu Al Schëtter

Um Programm stinn:

– Concert Apéro ab 11:30 Auer vun der Garnecher Musék
– Danzoptrëtt vun der Jeanette Hutchines School of Dance & Xpression Danzgrupp
– Spiller vir d’Kanner
– Quiz iwwert de Baurenhaff
– Poppentheater Hoplabum
– Ponyreiden vir d’Kanner
– Tombola

…an nach villes méi!

Iessen:
– Gegrills (Wuppen, Hamburger)
– Fritten
– Zaloten- an Dessertsbuffet

Dëst Fest gëtt organiseiert vun:
Ferme Pédagogique A-Schmatten, Club des Jeunes Schëtter an Landjugend Süden.