De Club des Jeunes Schëtter, d’Amicale Neihaischen, den FC Minsbech, d’Pompjeeën Minsbech-Schëtter, Les Castors Schëtter, d’Schëtter Musék, de Schëtter Gesank, Fraen an Mammen Schëtter, d’Lëtzebuerger Rousefrënn an d’Schëtter Jugendhaus presentéieren:

Den 1. Schëtter Chrëschtmaart

Fréides vun 17:00-22:00 Auer
Samschdes vun 16:00-22:00 Auer
Sonndes vun 11:00-20:00 Auer

Den ganzen Weekend iwwer:
– Glühwein, Schoki, Béier, Soft
– Champignons a Gegrills
– Dékostand

Dobäi kommen:
– Fréides: Eisekuchen
– Samschdes: Gromperekichelcher
– Sonndes: Kniddelen

– Concert’en vun der Schëtter Musék, dem Schëtter Gesank, an der Schëtter Strëpp.
– Samschdes ab 14:00 Auer verkeeft de Fussball Chrëschtbeemercher.

Mir hoffen Iech all begréissen ze kënnen an fréeën eis op ären Besuch!