Jan 03

Mir kommen den 7. Januar d’Chreschtbeemescher asammelen. Leed se w.e.g. bis 9 auer eraus, ab dan sin ma ennerwee fir se sichen ze kommen.

-Merci-

Dec 30

De Club des Jeunes Schëtter, Eldoradio an Ford Luxmotor présentéieren déi grouss APRES-SKI PARTY zu MENSBECH am Centre Culturel an der Dällt !

Ab 21h suergen d’DJ’s HOFFI & ZAMBEZI fir déi beschten Après-Ski Stëmmung !

Ennerstëtzt ginn si heibei vun eisem Gueststar ANNA-MARIA ZIMMERMANN !

Als Special proposéieren mir dëst Joer och rëm e puer Leckerlies vun eisem Partner Trojka !

Fir de klengen an groussen HONGER ass och ërem beschtens gesuergt !

Tickets kritt een am Virverkaf fir 5€ am:
- Café de la Gare zu Mënsbech
- Café des Tramways um Lampertsbierg
- Jugendhaus zu Mensbech
- bei all Member vum Club des Jeunes Schëtter

Natierlech hun mir och eng Oweskees fir 8€ !

Dec 21

De Club des Jeunes Schëtter, Eldoradio an Ford Luxmotor présentéieren de groussen BODYKICKER TOURNOI zu MENSBECH am Centre Culturel an der Dällt !

Ab 12h trieden hei ërem déi beschten Equipen an engem iwwerdimensionalen Kicker géinteneen un an verteidegen d’Coupe 2012 !

Ab 16h gett dann och ërem fir déi beschten Après-Ski Stëmmung gesuergt !

Jul 27

Den CJS as natirlech wei aal Joer mat Mega Stemmung an Mega Partylaun, an ebbessen Spillkänntniser beim FC Munsbach sengem Beachsoccer Turneier. Wann dir Loscht hut, kommt lanscht an feiert eis un.

Eisen Verain as souwoul mat Fraen – wei och Männerequipen um Start.

Owes gin mer natirlech aal zesummen wie aal Joer op Beachparty dei op der selwegter Platz as wei den Soccer.
Top Stemmung an hoffentlech kreien mer eng gudd sonneg Ennerstezung fum Peitrus…

Jun 14

May 23

Den 2. Juni ass ed nees su waid, mia gin ob den Landjugenddaag, deen dest joer zu Waiswampesch ass.

Mar 26

Wei aal 1. Mee fiert och dest Joer den Club des Jeunes fun Schetter mat hierem Wohn an engem Trakter Meekränz man. Dono gin mer dei un eisen Président, Buergermeeschter, Kaffen aus dem Durf an demno wei na un aaner Verainer verdeelen.

Des Traditoun as en Event fir aal Member an emmer Spasseg, wou mer owes emmer den Bauch wei hun fun laachen. Stemmung as mat eisener egener Anlag eng fest Saach um Wohn, dei dan och schon fun weitem ze heieren as. Fir Iessen as gesurgt waat den Club  bezillt an wat mer an engem Kaffe man. Fir Gedrengs as wei EMMER gudd gesurgt bei eis.

Mar 16

Freides, den 25 März, as eis Generalversammlung um 19:30 an der Buud.

Mar 08

Wéi all Joer maachen mir och dest Joer erëm en Buergbrennen op der Crosspiste zu Al Schëtter den 12. März.

Oct 19

Den Schetti krutt seng eegen Sait an zwar hei klicken wous de kanns reserveiren, dech informeiren asw….

Tags: